veranda
 
 

Eis gesellschaft

 

Zënter 1992 übt d’Gesellschaft VGD säin Talent als Wantergaartkonstrukteur hei zu Lëtzerbuerg, mä och an Frankreich an an der Belsch aus. Ufanks en Familienbetrieb ass se zu engem Mettelbetrieb eropgewuess, mat méi ewéi 60 Persounen, alleguer Spézialisten an hierem Fach. Si sinn stänneg op der Sich no neienTechnologien an setzen hiert Talent fier ären Konfort an.


Eist Spezialgebitt sin d’Wantergärt an d’Pergolen op Mooss. Mir pechen net einfach eng Këscht géint är Hausfassad, mä mir proposéiren eng régelrecht Extensioun vun ärem Wunnraum wou der d’ganz Joer iwwer liewen kënnt.

Eis Projektleeder, eis Innenarchitekten an eisen techneschen Büro passen d’Form an d’Dimension net nëmmen dem Haus, mä och ärem Liewensstil un. Spillsall, Iesszëmmer, Salon, Fernseheck, Kichen, Atelier, Bibliothéik, Restaurant…..alles Räim déi Zeien vun ärem däglechen Liewen sin.

Mir zeechnen eist Projekt mat Iech zesummen, duerno get en an eisem Atelier fabrizeiert éiren mir en bei Iech installéiren.


D’Temperatur ass ein ärem Wantergaart ëmmer idéal. Duerch eis exklusiv Technologie (adequat Fënsterglas, , ugepasste Ventilatioun, d’Wiel vum Matérial….) mir kontrolléiren den Temperaturiwerschoss, am Summer ewéi am Wanter.

En Wantergaart ass eng ausgezeechend Liichtquell, mä mir suergen och duerfir, dass de net verblend git. Dir kënnt dât lästegt Fënsterwäschen vergiessen, dank der gudder Matérialwiel an enger adaptéierten Struktur.

En know-how an eng perfekt Beherrschung vun eisem Beruf zënter 20 Joer, verbonnen mat exclusiven Fabrikations- isolations an Ventilationstechniken erlaben et eis, Iech eng richteg Bequemlechket ze verspriechen.

 

 

 

 

formulaire
Informatiounen
gratis devis

veranda
Eis modeller

points forts
Eis stärkt

vidéo vérandas
Entdeckt d'Vidéo VGD

Verandas Grand-Ducales
Showroom des 3 frontières : 36 Z.A. Op Zaemer - 4959 Bascharage - LUXEMBOURG - Tél: 40 22 84